„D’Stad heescht d’Stad a net Luxembourg-City“, seet de Serge Tonnar an engem vu senge Lidder, an huet domadder schons eppes Wichtiges kloergestallt. A weider, „d’Stad gehéiert net de Flicken an och net den Paschtoueren, an och net deene Bloen, déi eis de Kapp voll soueren…“. Ech erlabe mir derbäi ze setzen: an och net dem Här Becca oder soss engem Spekulante-Clan, a scho guer net engem Wirtschaftsmulti, egal wéi een heescht oder wéi mächteg en ass …
D’Stad gehéiert hire Bierger mat all hirer Diversitéit, sief et al agesiesse Pafendaler, Grënnescher (do gëtt et der schons net méi ganz vill), sief et vum ieweschten oder ënneschte Lampertsbierg, dem traditounsräiche Bouneweg oder aus Quartieren wou „virun 100 Joer nach geplout“ ginn ass, wéi zu Märel, um Cents, …. „Maacht d’Aen op a spëtzt mol är Ouren“, seet de Serge Tonnar, d’Stad gehéiert alle soziale Schichten, ob mat Immigratiounshannergrond, ob a Faubourg oder Uewerstad, op Al oder Jonk, Student oder Chômeur, an „och de Fixer an den Houeren“.
Mat hinnen alleguer zesumme solle mir ons Stad organiséiren.
[Demokratie a Partizipatioun vun de Bierger]
Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Hären, léif Kolleginnen a Kollegen,
De Schäfferot seet, hie géng d’Partizipatioun vun de Bierger, an domadder d’Demokratie „promouvéiren“, wéi en sech ausdréckt, „d’Bierger an d‘Organisatioun vun onser Gesellschaft abezéien“. Wéi dat konkret goe soll, doriwwer gi mir awer wéinig an der Schäfferotserklärung gewuer – ausser iwwert d’Direkt-Iwwerdroung vun de Gemengerotssitzungen iwwert den Internet (sou wéi se vun déi Lénk, LSAP, CSV an déi Gréng gefuerdert ginn ass), „Bëttel&Bausch on tour“ duerch d’Quartieren a „Quartiersversammlungen, ëmmer dann wa wichteg Entscheedungen fir e Quartier bevirstinn“. D’Informatioun vun de Bierger ass wichteg, well d’Informatioun iwwert alles wat d’Bierger betrëfft ass eng Viraussetzung fir d‘Matbestëmmung an enger partizipativer Demokratie – mee keen Ersatz derfir.
Direkt Matsproochrecht, partizipativ Demokratie praktizéiren, heescht Muecht deelen, Muecht ofginn un déi ëm déi et geet: un d’Bierger, d’Awunner vun de Quartieren, déi Al, d’Jugend, d’Kanner, déi sozial Benoodelegt – awer och un d’Personal, wat an der Gemeng schafft an d’Déngschleeschtunge garantéiert. Awer vun all deem wat eng wierklech partizipativ Demokratie betrëfft, fanne mir näischt an der Schäfferotserklärung.
Souguer d’Wuert Referendum kënnt net an der Schäfferotserklärung vir, obschons och de Referendum e wichtegt Mëttel ass fir d’Bierger a wichtig Decisiounen mat anzebezéien.
Eng partizipativ Demokroatie misst sech och am Funktionnement vun de Kommissiounen nidderschloen; déi missten opgemaach gi fir d’zivil Gesellschaft an d’Vertrieder vun hiren Organisatiounen a Bewegungen. Och Hearingen an de Kommissiounen oder am Gemengerot sinn e Stéck Demokratie, sou wéi mir se onbedengt bräichten.
„Quartierskomiteeën“ kéinten och e Stéck vun enger partizipativer Demokratie sinn. Mee déi Méiglechkeet soll – der Schäfferotserklärung no – réischt „analyséiert“ ginn …
Doriwwer raus mussen d’Bierger och d’Recht hunn ze kontrolléiere wat bei hinnen geschitt.
Mir mengen, et wier wichteg geschwënn am Gemengerot eng Orientéierungsdebatt, mat konkrete Virschléi doriwwer ze féieren, wat partizipativ Demokratie eigentlech heescht. Ass de Schäfferot d’accord, sou eng Debatt an deenen nächste Méint ze féieren, fir datt d’Konklusiounen dovunner an alle Kommissioune kënne besprach an och – mat engem präzise Zäitplang – ëmgesat ginn?
Zur Demokratie gehéiert och e partizipative Budget, e Biergerhaushalt, an deem d’Bierger aus deene veschiddene Schichten, aus verschiddenen Aktivitéitsberäicher, an aus den Quartieren e reellt Matsproocherecht hunn. Och dorobber wäerte mir an nächster Zäit – e.a. bei de Budgetsdiskussiounen – zréckkommen.
Zur Demokratie iwwerhaaptgehéiert och datt jiddereen deen d’Londitiounen erfëllt – ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtgebuerger – automatesch op d’Wielerlëscht ageschriww gëtt.
[Energie a Klimaschutz]
Här Buergermeeschter, léif Kolleginnen a Kollegen,
D‘Energie déi d’Sonn an engem Joer pro Quadrameter hiergëtt, entsprécht 100 Liter Petrol. 15% dovunner kéinten haut schon ouni Schwierigkeet mat Photovoltaik a Sonnekollektoren rekupéréiert ginn. Vill Stied a lokal Gemeinschaften kënne sech mat der Sonnenenergie an der Biomass bis zu 100% mat erneierbar Energien approvisionnéieren. Dëst entsprécht zwar net dem Wëlle vun den Petrols- an Energiemultien, ass awer sënnvoll an och am Interessi vum dréngend noutwendege Klimaschutz.
Den Ausbau vun erneierbaren Energieen verlaangt Eegeninitiativ a schaaft Géigemuecht zu den Energiemultien. Datt d’Bierger dat matt Ënnerstëtzung vun hirer Gemeng fäerdeg bréngen, weisen ëmmer méi Beispiller am Ausland. Dozou gehéiert och z.B. d’Opstellung vun engen Kadaster vun allen Hausdiecher, aus deem ervirgeet, wou Solarenergie ka gewonne ginn, sief et duerch Fotovoltaik oder Waarmwaasserkollektoren. Aus deem Grond hu mir dat och an onsem Walprogramm proposéiert a si frou, datt de Schäfferot déi Iddi iwwerholl huet. No der Modellstad Osnabrück hu bis elo an Däitschland ewell 150 Kommunen a Stiet sou ee Solarkadaster opgestallt. Vrun allem awer soll esou ee Solarkadaster kee Selbstzweck hunn an och net rëm eppes sinn wou e puer Firmen drop verdénge sollen, mee en Hëllefsmëttel fir d’Bierger dat – mat Ënnerstëtzung vun der Gemeng – ernéierbar Energien weiderbrénge soll. Dat selwecht gëlt fir Biogas – wou sou eng Installatioun fir d’Stad Lëtzebuerg absolut noutwendeg ass.
Ganz wichteg ass et awer datt erneierbar Energieen, grad wéi och Energiespuermossnahmen, net nëmmen eppes sinn fir déi, déi sech dat finanziell leeschte kënnen. Energiebeschafung an Energiespueren muss sozial gerecht organiséiert ginn. Jidderee muss um Klimaschutz, un der Ëmstellung op erneierbar Energien an u Energiespuermossnahmen fir säin Haus, seng Wunneng, deelhuele kënnen, onofhängeg vu senger sozialer Situatioun. Mir brauchen eng ökologesch Erneierung, wou nei Wunnengen no neien Standarten gebaut ginn a Wunnengen déi bestinn restauréiert ginn, ouni datt Leit, déi e manner héicht Akommes hunn, dovunner ausgeschloss sinn. Et duerf an dëser Stad och keng Energieaarmut ginn, wou Leit sech de Stroum oder d‘Heizung net méi leeschte kënnen.
Fir all dat ze realiséiren, brauche mir e kommunale Förderplang, deen am Kader vum kommunale Klimaplang souwuel dee sozialen Aspekt, wéi och de geneeën Zeitplang präziséiert, wat wéini wou geschéie soll. Grad am Beräich vun der Energieeffizienz an vun der Ëmstellung op erneierbar Energien brauche mir e präzise Zäitplang mat konkreten Echéancen! Mir schloe vir datt d’Kommissioun déi fir d’Energie zoustänneg ass, an enker Zësummenaarbecht mat der Kommissioun fir d‘Stadentwécklung, der Ëmwelt- an der Sozialkommissioun, sech geschwën mat de Grondsätz vun engem kommunale sozial gerechte Klimaplang an engem konkrete Zäitplang beschäftege soll, fir datt mir am Gemengerot déi néideg Decisioune derzou huele kënnen.
Ech wëll awer och drop hiweisen, datt all déi Initativen am Beräich vun der Energiebeschafung viraussetzen, datt d‘Stad selwer decidéiert, wat mat a wat an hire Stroumnetzer geschitt. Dofir setze mir ons kloer an däitlech an fir d’Rekommunaliséierung vun der Stater Stroum- a Gasnetzer – am dat sou schnell wéi méiglech, well soss gëtt et d’Bierger ëmmer méi däier an d’Qualitéit vun de Netzer hellt of! Mir wäerten dorop zréckkommen.
[Waasser]
Wat fir d’Energie stëmmt, gëlt och fir d’Waasser. Och beim Waasser besteet eng grouss Gefor, datt ëmmer méi Multien sech domat wëllen eng gëllen Nues verdéngen. Un der Gemeng ass et fir een effiziente Quelleschutz, grad sou wéi Moossnamen fir Waasser ze spueren, an d’Wee ze leeden. Dozou gehéiert absolut och, datt d’Waaser an d’Waassernetzer an öffentlecher Hand bleiwen! Dozou gehéiert eiser Meenung no awer och eng Staffelung vum Waasserpräis: deen dee wéineg Waasser brauch, soll manner bezuelen, wéi deen, dee Waasser verbëtzt oder seng Piscine domat fëllt. Mat engem gestaffelte Waaserpräis, sou wéi déi Lénk e virgeschloen hunn, kann dat erreecht ginn: déi ésicht 50 Liter pro Persoun an Dag gratis, bis 150 Liter de jetzige Präis an doriwwer raus den duebele Peäis vun haut.
Och wat d’Rekuperatioun vum Reewaasser ugeet, sou mussen d’Leit gehollef kréien, dat ze realiséiren.
[Offall]
A nächster Zäit diskutéiert d‘Chamber iwwert en neit Offallgesetz, de Projet de loi 6288, dat souwuel d’Gemenge wéi d‘Stéit méi staark wëll an der Ofallentsuergung responsabiliséiren. Deemno sollen d‘Gemenge derfir suergen, datt d‘Stéit méi fir d’Offallentsuergung bezuelen (wourunner d’Offallmultien vill verdénge wäerten!), während d‘Produzente vum Offall zum groussen Deel ongeschuere dervu kommen, an dat obschons grad sie nom pollueur-payeur-Prinzip missten entweder Offall verhënneren, oder selwer entsuergen. Nee, et sinn alt rëm d‘Bierger an d’Stéit déi bezuele solle fir d’Entsuerung vum Offall vun der Verpakungsindustrie a fir eng Industrie, déi net nohalteg produzéiert. Ech hoffen, datt déi sëllechen Deputéierten, déi och Conseiller sinn, dat ze verhënnere wëssen.
Wat déi organisch Offäll ugeet, hu mir an der Stad nach vill nozehuelen: mir brauchen eng Biogasanlag, déi driwwer raus wäertvoll Energie produzéiert, an eng nei Kompostéirerungsinstallatioun, béides an öffentlecher Hand.
[Loft]
Eng méi propper Loft an der Stad, déi net krank mecht, ass nëmme méiglech duerch manner Auspuffgasen, also manner Autos- a Kamionsverkéier, an duerch besser industriell Produktiounsmethoden. Fir datt d’Bierger an déi Léit déi an der Stad schaffen oder se besichen, sech besser iwwert d’Qualitéit vun der Loft informéire a se kontrolléire kënnen, huet déi Lénk an hirem Walprogramm virgeschloen, d’Qualitéitswäerter vun der Loft (on-line) op öffentleche Panneauen z.B. ob der Gare, um Aldringen, an anere Plazen z’affichéieren. Dir hutt deem an der Schäfferotserklärung zougestëmmt a mir wëlle wësse wat, wou, wéini hei geschitt.
[Mobiltéit]
Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Hären, léif Kolleginnen a Kollegen,
Dir sot, ët misste manner Autoen an der Stad fueren, an dat ënnerschreiwe mir mat zwou Hänn. Leider ass d‘Realitéit am Moment déi, datt ons Stad am Autosverkéier erstéckt. Ënnert deene villen Autofuerer si vill Leit déi iwwerhaapt net kënnen op den öffentlechen Transport zréckgreifen, sief et well et, do wou si wunnen kee gëtt oder well deen sou schlecht ass, datt si näischt dermat ufänke kënne, sief et well si op Schicht schaffen oder hir Kanner musse féieren …
Wat den öffentlechen Transport ugeet, huet d’Stad an deene leschte Joeren seriös Efforte gemaach, besonnesch wat de Bus ugeet. Mee zu Lëtzebuerg hu mir immens vill nozehuelen um Plang vum Verkéier, deen iwwert d’Schinne fiert. An dat souwuel hei am Land, wéi och interreginonal iwwert d’Grenzen ewech.
An der Stad brauche mir – komplementar zum Bus – ouni Zweifel e modernen Tram, deen wesentlech méi Förderkapazitéiten huet, wéi dat de Moment am öffentlechen Transport de Fall ass. Mee, ass dat och de Wëllen vum Schäfferot an der Regierung? Déi lescht Entwécklunge loossen een dorun zweifelen …
Fakt ass nämlech, datt d‘Verkéiersbewegungen duerch d’Wuessen vun der Awunnerzuel an den Aarbechtsplazen an der Stad an deenen nächsten 10 Joer wäerten vun 554.000 Bewegungen haut op 785.000 Bewegungen Horizont 2020 klammen (also e Plus vun 40%). Geplangt ass, datt den öffentlechen Verkéier 30% vun dëse Fortbewegungen iwwerhuele soll (dat sinn 80% méi wéi haut). Parallel derzou soll awer och den Individualverkéier ëm 100.000 Bewegungen, dat heescht ëm 30%, zouhuelen – sou steet et an den Dokumenter vum „Comité d’accompagenement“ vum GIE, dem groupement d’intérêt économique tëscht der Stad an dem Stat. Also: net manner Autoen an d’Stad, mee een drëttel méi; dat ass d’Realitéit un där d‘Regierung an de Schäfferot plangen! Wann dem Schäfferot wierklech eppes dru läit – sou wéi dat an der Schäfferotserkärtung e puermol steet – fir manner Autoen an d’Stad ze kréien, misste vill méi Efforten wéi geplangt gemaach gi, fir den öffentlechen Transport auszebauen, da missten deem seng Kapazitéiten méi wéi verduebelt ginn!
De Schäfferot seet Jo zu engem modernen Tram, mengt awer et misste prioritär „Gares périphériques“ um Howald, zu Céissseng oder Hollerech an zu Dummeldeng gebaut ginn, fir datt den Tram ka Realitéit ginn. Sécher brauche mir d’„Gares périphériques“, mee mir duerfen op kee Fall waarden, bis déi do stinn, fir den Tram ze bauen. De Bau vun engem modernen Tram duerch d’Stad, op de Lampertsbierg an de Kiercherbierg engersäits, an op de Geessseknäpchen anerersäits, duerf kengeswegs opgeschuppt ginn, soss gëtt den Tram ni Realitéit, an d‘Stad geet definitiv am Autosverkéier ënner. Dorunner wäerte leider och déi nei Halten Pafendall-Kirchbierg, Clausen, Houwald, an och d‘Erneierung vun der Gare Centrale näischt änneren. Mir begréissen dës Verbesserungen, mee si ginn net duer a si keen Ersatz fir een Tram! Mir erwaarden ons elo e konkrete Zäitplang wat de Bau an d’Aféiren vun dëser Réckgradlinn vum Tram ugeet.
A wann de Schäfferot seet, d’„Gare périphérique“ Kierchbierg soll net do gebaut mee op de Findel verluecht ginn, da muss en sech froen, wat sech dohannert verstoppt: Um Findel ass dach iwwerhaapt keng Plaz méi fir sou eng Gare – wéi soll déi ausgesinn, wat soll se kaschten a wéini wier dat ze realiséiren? A wär et net méi sënnvoll – sou wéi dat geplangt war – d’Leit aus Frankräich an aus dem Süde vum Land direkt mam Zuch op de Kierchbierg ze bréngen? All dës Froe si net geklärt a mir lafe Gefor datt sou A-Fro-Stellungen a rëm nei Pläng den öffentlechen Transport ëmmer méi hannendra ze geheien. Et solle lo Neel mat Käpp gemaach ginn!
Wat de Busbetrib ugeet, stelle mir d’Fro, wat eng „Communauté urbaine des transports“ anescht wëll, wéi eng verkappten Privatiséierung déi op Käschte vum Personal geet. Géint sou eng Privatiséierung wäerte mir – a mir net aleng – ons déck wieren, an den Här Bausch drunn erënneren, datt hien de Bus-Chauffeuren héich an helleg versprach huet, datt hire Patron d’Stad Lëtzebuerg bleiwe wärt!
Awer och a puncto Mobilitéit vu Leit mat spezifische Bedierfnisser (behënnert Leit am Rollstull zum Beispiel), bleift villes ze maachen. Och an där Hisiicht wärte mir iech nach op allerhand opmierksam maachen.
[Kanner – Crèchen, Schoul a Kannerbetréiung]
Här Buergermeeschter, léif Kolleginnen a Kollegen,
Déi kommunal organiséiert Spill- a Primärschoulen waren ni reng Institutiounen fir Wëssen ze vermëttelen; si haten ëmmer eng sozio-edukativ a psycho-sozial Aufgab – och wann d’Léierpersonal meeschtens op sech selwer ugewisse war, fir deenen Ufuerderungen gerecht ze ginn. A gutt Projeten (wéi senger Zäit de Projet Gronn) kruten net déi néideg Ënnerstëtzung fir sech weider ze verbreeden …
Mam Schoulgesetz vun 2009 sollt sech dat änneren, duerch Partnerschaft, Teamaarbecht – ouni awer datt ons Schoulen an hiert Personal d’Moyenën kritt hun fir dëst richteg ëmzesätzen. Amplaz zousätzlech Ressourcen zur Verfügung ze kréien, sinn ons Schoulen iwwerbürokratiséiert ginn. An déi Leit, déi d’Objektive vun enger Schoul, déi differenzéierten Unterrecht mécht an all Partner mat abezitt, déi dat mat vollen Asaz realiséire wëllen, sinn amgang sech z’iwwerfuerderen an auszebrennen. Dës Situatioun wäert nach ëmmer méi schlëmm ginn wann ons Schoulen net déi néideg Ressource kréien a wann nët op d‘Iwwerbürokratiséireng verzicht gëtt. De Contingent vu Stonnen pro Gemeng, deen de Ministère virschreift, wäert d‘Situatioun nach zousätzlech verschlechteren, well domadder d’Gemengen – och d’Gemeng Lëtzebuerg – iwwert 10 Joer ewech – mir sinn elo am 3. Joer dervun – ëmmer manner Ressource duerf asetzen. Dat ass net haltbar! Jo zu Partnerschaft, Teamaarbecht, d’Dokumentatioun vun de Schülerfortschrëtter, interdisziplinärer Zesummenaarbecht … all dëst ass wichteg, mee et verlangt awer genuch Personal an Zäit fir datt et duerchgefouert gi kann!
Zesumme musse mir duerchsetzen datt de Contingent, sou wéi en lo festgeschriwwe ginn ass, geännert gëtt fir datt mir genuch Stonnen a Personal kréien fir eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht an onse Schoulen.
An net zu gudder Lescht brauche mir heifir och besser Schoulinfrastrukturen.
D’Kannerbetreiung niewt den offizielle Schoulstonnen ass och ëmmer méi wichteg. Fir d’Kander ganzwäerteg ze behandelen bräichte mir Ganzdagsschoulen, wou hire Bedürfnisser no Léiren, Spillen, Raschten, asw … Rechnung gedroe gëtt. Wier et net un der Zäit grad an der Stad méi Modeller vu Ganzdaagsschoulen ze schafen a weider Erfahrungen op dësem Gebitt ze sammelen?
Sou wéi et am Moment leeft, ass et net wéi et sollt sinn. Och an de Schoulfoyeren ass d’Personal hoffnungslos iwwerlaascht: wa Krankmeldungen wochelaang net ersat ginn, a net genuch Personal do ass, da féiert dat dozou, datt déi déi duerhalen, och op eemol wegfalen. Dat ass een Däiwelskrees dee net mat Autoritarismus, mee nëmmen duerch e vertauensvollt Zesummeschaffe mam Personal, duerchbrach ka ginn. An de Foyeren gëtt d’Personal a ville schwierige Situatiounen eleng gelooss, huet net déi Ënnerstëtzung déi et bräicht – a wann eppes schif geet, waren si nawell responsabel! Sou kann dat net weider goen! Ech ginn dovunn aus dat mir, als Gemengeréit, an och d’Personal an d‘Delegatioun wäerte kuerzfristeg mat der neier zoustänneger Schäffin doriwwer schwätze kënne, fir datt dee grousse Malaise, deen zur Zeit an onse Foyeren besteet, ka berengegt ginn …
Och an onseren Crèchen hu mir e Personalmangel, deen net duerch Privatiséierung oder Auslagerung, mee just duerch weider Rekrutementer, geléist kaa ginn.
Et kann een eben nëmmen déi Déngschtleeschtungen ubidden, fir déi een Leit huet!
[Finanzen]
Här Buergermeeschter, léif Kolleginnen a Kollegen,
Ech kommen zu mengen zweetleschte Punkt, de Finanzen, an duerno dem Personal.
Wann ee besser Schoulinfrastukturen wëll, genuch an zefriddend Personal, an och déi noutwendeg Investitiounen an d’Infrastrukture maache wëll, eng ordentlech a qualitativ héichwäerteg öffentlech Déngschleeschtung ubidde wëll, da brauch een dofir och déi néideg Suen.
Haut gëtt et ëmmer méi Stéit, déi net méi genuch hunn fir hiert d’Liewen anstänneg z‘organiséieren. Vum Räichtum, dee geschaf gëtt, geet ëmmer méi un déi, déi scho vill hunn, an déi „normal Bierger“, an och hir Gemengen, kréien ëmmer manner. Et kann nit sinn, datt d’Gemengen déi Suen, déi si brauchen fir hiren Awunner ordentlech Infrastukturen unzebidden, och lo nach bei hiren eegenen Bierger huele mussen!
Mir brauchen eng aner Ëmverdeelung, eng Ëmverdeelung wou net déi Räich dat meescht kréien, mee wou jiddereen e gerechten Undeel um geschafene Räichtum huet. Statt a ganz Europa iwwert falsch Stabilitéitskritären festzeleeën wéivill Prozent Schold een duerf hunn (an do falen d’Gemengen och mat drënner) misste Mindest-Undeelkriterien opgestallt ginn, wéiviell dervun déi Leit déi schaffe kréien, wéivill Staat a Gemengen als Mindestundeel vum geschafene Mehrwert kréien, fir ordentlech liewen ze kënne!
D’Gemengefinanzen mussen iwwerschafft ginn. D’Gemenge mussen iwwert Steiere déi Sue kréien, déi si wierklech brauchen fir hire Bierger déi Déngschtleeschtungen unzebidden, op déi all Mensch a senger Gemeng, a senger Stad e Recht huet. Heifir solle mir ons zesumme asetzen an ech erwaarde mir, datt d’Gemeng Lëtzebuerg sech och am SYVICOL fir eng entspriechend Ännerung vun dem Undeel vun de Gemengen um Akommen vum Staat wäert staark maachen!
Mir brauchen och ee partizipative Budget, ee Biergerhaushalt, wou d’Bierger matbestëmme kënnen, wat an hirer Stad geschitt. Den Zweck vum partizipative Budget ass net do fir de Misère an d’Aarmut zesummen ze géréieren, mee fir iwwerall – an all Quartier, an all Beräich – dat z’investéiren wat noutwendeg ass.
Wa gesot gëtt, d’Funktionementskäschten vum Staat a vun der Gemeng sollen iwwerpréift ginn, hunn ech kee Problem domat. Mee dës Iwwerpréifung kann net als Zil hu fir sech dout ze spueren – dat ass dat wat z. B. an Däitschland ville Gemenge geschitt ass – d’Zil vum Iwwerpréife muss ët sinn, alle Servicer déi Mëttelen zur Verfügung ze stellen, déi si wierklech brauchen fir eng gutt Aarbecht ënnert ordentlechen Konditiounen ze maachen. A vill Servicer hunn net déi Ressourcen, déi si dozou bräichten, an dat net nëmmen an de Schoulen, de Foyer’n, de Crèchen, …
Ech ginn dervun aus, dat mir am Kader vun de Budgetsdiskussiounen méi ausféierlech dowiwwer schwätze kënnen.
[Personal]
A bei all dem, wat ons Gemeng demnächst fir hir Bierger maache wëll, duerfe mir d’Personal net vergiessen, wat déi Déngschtleeschtungen erbrénge soll. D’Gemeng Lërtzebuerg huet gutt Personal, wat wuel motivéiert ass fir am Intérêt vum Bierger ze schaffen. An engem Sondage, deen d’Gewerkschaften bei de Bierger vun der Stad duerchféire gelooss hun, huet sech rausgestallt, datt d’Bierger ganz zefridden mat der Aarbecht vun de Gemengeservicer an hierem Personal sinn. Leider huet d’Personal bei hierem Asaz net ëmmer vun hire Virgesetzten a vum Schäfferot déi néideg Ënnerstëtzung kritt. Och d’Personal muss méi matbestëmme kënne, méi partizipéire kënnen un deene villen Decisiounen, déi hir Aarbecht betrëfft. Mir hoffen, datt dëse Schäfferot a säi Buergemeeschter et fäerdeg brénge mat de Personaldelegatiounen e wierklechen Sozialdialog ze féiren an d’Matbestëmmung op allen Ebenen vun der Gemeng anzeféieren. D’Personaldelegatiounen hunn ëmmer betount, datt et tëscht engem öffentleche Betrib dee gutt fonktionnéiert, engersäits, deen eng qualitativ héichwärteg Déngschtleeschtung fir seng Bierger mecht, an ordentlechen Aarbechtskonditiounen fir d’Personal anerersäits, kee Widdersproch duerf ginn. Nëmmen e motivéiert Personal, wat a senger Aarbecht an a sengem alldeeglechen Asaz am Intérêt vun de Bierger vu sengen Cheffen a Schäffen ënnerstëtzt gëtt, kann onsen gemeinsamen Uspréch vun enger héichwäertiger öffentlecher Déngschtleeschtung gerecht ginn.
[Fazit]
Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Hären, léif Kolleginnen a Kollegen,
D’Schäfferotserklärung betrëfft déi nächst 6 Joer. Et ass an dësem Kader net méiglech alles am Detail ze beliichten. Ech ginn awer dervun aus, datt de Gemengerot d’Méiglechkeet kritt, fir op all déi Projeten zréckzekommen – souwuel déi méi konkret, wéi déi wou nach analyséiert a studéiert gëtt, an och déi, déi nach felen. Well de Gemengerot ass dat entscheedend Gremium an der Gemeng wat d’Interêten vun de Bierger ugeet.
A vergiesst net, Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Hären vum Schäfferot, „d’Stad heescht d’Stad a net Luxembourg-City“. „Maacht d’Aen op a spëtzt mol är Ouren.“ „D’Stad gehéiert net de Flicken an och net den Pastoueren …“, an net dem Schickimicki an de Spekulanten. D’Stad gehéiert hire Bierger an all hirer Diversitéit, hirem sozialem a kulturellem Räichtum. Fir si si mir do, matt hinnen zesumme solle mir d’Stad gestalten.